
Schalt e Gang erop a leet Iech zréck! Hei huelen mir Iech, zseumme mat interessante Gäscht mat an déi spannend Welt ”Faszinatioun Automobil”.
Episodes

Jun 18, 2021
Jun 18, 2021
27 min
De Jacques Lanners ass passionéierte Frënd vun Oldtimer a virun allem vu Porsche. Hien huet eis fir dëse Podcast säi Porsche 911 T Targa aus dem Joer 1972 matbruecht. Säin Targa huet en 2,4 Boxer Motor mat 140 Päerd.

Oct 14, 2021
Oct 14, 2021
26 min
Den Dylan Pereira ass Rennfuerer a gouf am leschte Joer Vizechampion am Porsche Mobil1 Supercup. Fir de Podcast si mir mam Dylan sengem Porsche 718 Cayman T op der Nordschleife um Nürburgring ënnerwee.

Oct 14, 2021
Oct 14, 2021
34 min
D'Cyclistin ass eng vun de renomméiertste Lëtzebuerger Sportlerinnen a war schonn dräi Mol bei den Olympesche Spiller mat derbäi.
Fir säi Gefier op véier Rieder setzt d'Christine op säi Skoda Karoq. De perfekte Won fir wäit Strecken, mat deem hat iwwerall hikënnt.

Oct 15, 2021
Oct 15, 2021
24 min
De Porsche-Fuerer war fir d'Luxembourg Classic op Besuch an huet sech Zäit geholl, mat eis ze schwätzen.

Nov 15, 2021
Nov 15, 2021
32 min
Wou d'Lëtzebuerger Actrice, aus der Netflix Serie Capitani lieft a wat se alles esou nieft der Schauspillerei an dem Theater mécht, gëtt et an dëser Episode.

Dec 14, 2021
Dec 14, 2021
26 min
De Jeff Oberweis zaubert Lëtzebuerg schonn zanter ville Jore kulinareschen an eemolege Genoss op den Teller.
Léiert de sympatesche Patissier hei méi no kennen.

Mar 23, 2022
Mar 23, 2022
20 min
De Lëtzebuerger Sportler vum Joer 2021, huet et zu Tokyo op den Olympesche Spiller bis an déi grouss Finall gepackt.

Apr 18, 2022
Apr 18, 2022
31 min
De Spuenier deen zanter Joren zu Lëtzebuerg lieft, reest mat senger ganzer Famill am E-Auto duerch Europa, fir seng Experienz mam Grand-Duché ze presentéieren.

May 15, 2022
May 15, 2022
37 min
De Pro-Am Champion vum Däitsche Carrera Cup huet eis zu Spa Francorchamps mat op en Tour geholl.

Jul 5, 2022
Jul 5, 2022
32 min
De Präsident vun der FLF zielt eis Anekdoten iwwert seng aktiv Zäit als professionelle Futtballist a senge Missiounen déi en haut bewältegt.

Sep 26, 2022
Sep 26, 2022
29 min
Eng Medail no der anerer bréngt den Duo mat an de Grand-Duché.
Léiert déi zwou sympathesch Dëschtennisspillerinnen an hire Manager an hei méi no kennen.

Nov 7, 2022
Nov 7, 2022
35 min
Mir schwätze mam Däitsche Schauspiller iwwert seng Roll am Tatort a senger Léift zu Porsche an dem Rennsport

Dec 5, 2022
Dec 5, 2022
29 min
De Lëtzebuerger Musher huet mat senge Kolleegen op 4 Patte scho sëlleg Aventuren hannert sech. Geschwë kënnt och säin Documentaire "The Law of three" eraus.

Dec 27, 2022
Dec 27, 2022
30 min
Zanter den 90er entstinn am Atelier vill onvergiesslech Geschichten
Haut schwätze mir mam Michel Welter, Gerant An Associé vum Atelier, iwwert seng ganz eege Storyen déi en hei erlieft huet!

Apr 3, 2023
Apr 3, 2023
16 min
Bei villen Experten zielt de Magnus Walker als "de" wichtegste Porsche Sammler aus den USA.
Mir hunn de passionéierte Porsche Kënschtler zu L.A. kenne geléiert.

May 2, 2023
May 2, 2023
28 min
De President vun der Lëtzebuerger Tennisfederatioun huet mat eis iwwert d’Innovatioune vun der Tenniswelt geschwat.

Jul 2, 2023
Jul 2, 2023
24 min
De Samy Picard President vun der Lëtzebuerg Baskettsfederatioun huet mat eis iwwert seng Karriär geschwat a wéi eng Challengen haut op hie waarden.

Sep 18, 2023
Sep 18, 2023
25 min
Losch huet 75 Joer gefeiert an an deem Kader hu mir mat enger Rëtsch vu gudde Frënn geschwat déi d’Institutioun an de leschte Joer geschloss huet.

Oct 22, 2023
Oct 22, 2023
23 min
Den 28 Joer jonke Schwëmmer huet Lëtzebuerg schonn dacks op den internationale Büne konnte representéieren!
Eng sëlleg National Rekorder, en immenst Talent a säin eemolege Punk Look maachen de Julien zu engem eemolegen Ambassadeur fir de Grand-Duché!

Nov 19, 2023
Nov 19, 2023
18 min
An dëser Episode feiere mir 10 Joer Losch Truck, Van & Bus an hunn ënnert anerem mam Harald Borrelbach vu Voyages Emile Weber, dem Laurent Schandeler vun Demy Schandeler an dem Steve Stephany von Autobus Stephany geschwat.
